Er ist wieder da!

De Veräin hat mech wuel am meeschten iwwerrascht.

Ech erënnere mech, ech si waakreg ginn, et war wuel schonn Nomëtteg, ech hu meng Aan opgemaach, ech hun den Himmel gesinn. Den Himmel war blo, e puer Wolleke waren ze gesinn, et war waarm, a mir war direkt bewosst, dass et fir Abrëll ze waarm war. Et war wuel schon Enn Mee. Et war och zimlech roueg, et war kee Geschützdonner ze héieren, kee Kampfgeschrei vu rivaliséierte Gangs, keng Luftschutzsirenen. Ausserdeem hun ech direkt registréiert: keng Foussgängerzone, kee Rathaus, kee General George Patton Memorial, keng St. Sébastian Kierch. Ech war net mei zu Ettelbrooklyn.

Ech hun de Kapp gedréit, ech hu gesinn, dass ech um Buedem virun enger Sportshal louch. Ob der anerer Säit war een aalt Haus, aus Zille gemauert, deelweis vu Schmutzfinke beschmiert. Ech hu mech direkt opgereegt a spontan beschloss, de Jean-Paul Schaaf herbei ze zitéieren. Mee dann huet Disziplin gewonnen, d’Logik, ech hu rasch d’Eigenwiligkeit vun der Situatioun erfaasst. Ech war net mei zu Ettelbrooklyn.

Ech hu mech dann entschloss mech mat der komescher Situatioun auseneen ze setzen. A mengem Liewen hun ech geleiert, ze beobachten an och déi klengst an onwahrscheinlechst Dinge wahrzunehmen, déi fir déi meescht Leit net wichteg waren. Dank jorelaanger eiserner Disziplin kann ech vu mir soen, dass ech an der Krise nach mei kalbliddeg ginn a meng Sënner sech verstärken. Ech schaffe roueg, präzise, wei eng Maschinn.

Methodesch hun ech all déi Informatiounen zesumme gefaast, déi ech hat: Ech leien um Buedem virun enger Sportshal, virun der Hal ass e bëssen Onkraut, a puer Hecken – an ee Schëld, un engem Steen. Ech héiere Stemmen a Gereicher, aus der Hal, ee klenge Ball deen hin an hier gespillt gëtt: Ping, Pong, Ping, Pong. Um Schëld steet: “A Wellems”.

An dunn war mir erëm alles kloer. Ech war beim Chouchou zu Lenneng an ech hat e bësse Gedronk: Äschebääscha! An dann, Ettelbrooklyn, B1, Promotion, 22% gewonne Matcher, a Lennenger déi mech 2 Joer laang genervt hun. Ech sinn opgestaan, ech hu meng Been, meng Hänn a meng Fanger beweegt, ech war net verletzt, mäin kierperlecher Zoustand war erfreelech, ech war wuel komplett gesond, bis ob e bësse Kapp wei. Ech hun u mir erof gekuckt, ech hat Sportskleedung un, Rot-Orange. Ouni vill nozedenke sinn ech a Richtung Eingang gaangen, d’Dëschtennis-Gereicher waren ëmmer mei däitlech ze héieren. Dei Lennenger packen et jo ouni mech nie fir ze steigen!

Ech sinn erëm do!