Club

Vu Ping-Pong an Theater

Eisen Veräin gouf den 1. Juli 1971 ënnert dem Numm “Pingpongsclub Lenneng” gegrënnt. A Senger Geschicht huet d’Amicale vill Héichten a Déiften erlieft – am Moment awer schwëmmt de Veräin ob enger Erfollegswell.Mee ier mir eis déi erfollegräich Gegenwart ukucken, wëlle mir nach eng Kéier un eisen Ufank erënneren: Am Joer 1971 hate Jugendlecher aus Lenneng d’Idee, een Dësch-Tennis-Veräin an d’Liewen ze ruffen. Mat Hëllef vun erfuerene Memberen aus anere lokale Veräiner ass hinnen dat dann och gelongen an den Dësch-Tennis Lenneng war gebuer. Den éischte Spillsall war de Lennenger Festsall an déi ugrenzend Lennenger Schoul. Trainéiert gouf deemools zu Lenneng “Op der Bréck”. Den éischte President vum Veräi war de Jean Strasser. Vun de Gründungsmitglieder ass just nach de Jos Bellot aktiv – als President säit méi wei 30 Joer an als aktive Spiller.

DTL

Niewent de sportlechen Aktivitéiten hunn d’Membere vum neie Lennenger Veräin och aktiv um Duerfliewen deelgeholl. Sou hin si Fester organiséiert a verschiddener vun hinnen hunn och beim lokalen Theaterveräin “Eneg a Frou” matgespillt. Den 10. Juni 1983 sinn déi zwee Veräiner, de Ping-Pong an den Theater, dann zu engem Veräi verschmolt, der Amicale Lenneng. De neie Logo vum Veräin, mat zwou Racketten a zwou Theatermasken, huet däitlech gewisen, dass déi zwou Aktivitéite fir d’Amicale gläich wichteg waren an ëmmer nach sinn.

Leider koume gläich no der Fusioun schwéier Zäiten ob d’Amicale zou. Vill Dësch-Tennis-Spiller hunn de Veräi verlooss, d’Unzuel vun den un der Meeschterschaft deelhuelenden Equippen ass geschrumpft an Theatervirstellungen hunn net mol méi eng Kéier pro Joer stattfond. E puer furchtlos Jugendlecher souwéi déi verbliwwen trei Spiller hunn de Veräin awer mat vill Fläiss um Liewe gehalen a mat der Zäit a méi rouegt Fahrwasser manövréiert.

Mat “Wëllems” an d’Gegenwart

De Bau vum Sport- a Kulturzentrum “A Wëllems” an den 90er Jore war een absolute Glécksfall fir d’Amicale Lenneng. Endlech war genuch Platz do fir ob villen Dëscher ze trainéieren. Déi nei Sportshal huet dcanach4_thumb‘Interesse vu ville Lennenger a Kanecher um Dësch-Tennis erwächt. No laangen Diskussioune konnt de Veräin dann ee Jugendkonzept presentéieren, dat de Veräi banne kierzester Zäit zu engem vun de gréisste Dësch-Tennis Veräiner am Land sollt maachen. De Jos konnt de Richard Svab (CZE), ee professionellen Sportlehrer aus der Tschechescher Republik, vum “Lennenger Wee” iwwerzeegen a mam “Richi” koum och d’Loscht no Erfolleg zréck ob Lenneng.

Sou richteg konnt wuel kee vun de Lennenger gleewen, wat duerno alles geschitt ass. Sou ass zum Beispill d’Sanela Dzogovic 2011 Vize-Champion bei de Minimes ginn. Seng Schwëster, d’Amra, huet ee Joer méi spéit d’Halleffinall bei de Cadets erreecht. Zu Lenneng war bemol eng richteg Opbrochstëmmung ze spieren: de Veräi konnt vu Joer zu Joer méi aktiv Membere gewannen, souwuel fir den Dësch-Tennis wei och fir den Theater. Mat Hëllef vun de neie Membere konnten “A Wëllems” international Lännermatcher organiséiert ginn, genau sou wei och Regional- a Landesmeeschterschaften.

Gëllen Zukunft brauch Vergaangenheet

Obwuel all eis Heem-Matcher zu Kanech gespillt ginn, ass “d’Heemecht” vun der Amicale zu Lenneng, dofir ginn och all d’Fester vun der Amicale zu Lenneng organiséiert: niewent dem Theater sinn dat virun allem dat traditionellt “Buergbrennen” am Februar an d’Fiederwäissenfest am Hierscht. Séit Joren hunn d’Theatervirstellungen zu Lenneng och erëm eng fest Platz am Veranstaltungskalenner: all Joer am Abrëll spillen eis Acteure véier bis fënnef Virstellunge vun engem vum Cecile Bellot geschriwwene Theaterstéck  – eng Attraktioun déi ëmmer méi Leit aus der Regioun, egal ob No oder Weit, ob Lenneng zéit fir ee gemittlechen Owend ënner Kollegen ze verbréngen an eng Kéier gutt ze laachen. All Gaascht gesäit a spiert ëmmer direkt, dass d’Amicale een Duerfveräin ass, dee mat zwee Féiss um Buedem steet an sech dofir engagéiert d’Leit aus der Gemeng zesummen ze bréngen.

Ob dëser solider Basis aus Frëndschaft a Komerodschaft konnt den Dësch-Tennis ëmmer weider wuessen. No der erfollegräicher “Svab-Zäit” huet de Komitee beschloss den ageschloene Wee konsequent weider ze verfollegen. Fir d’Saison 2015 / 2016 goufen dräi Trainer agestallt: De Carlo Feltes an d’Olga Nemes (ROU) fir Jugendlecher an Erwuessener an de Christian Kill fir Kanner. Ugedriwwe vum Yves Scholtes ass d’Verlaangen no Erfolleg ëmmer méi grouss an den Training ëmmer besser besicht ginn – et gëtt souguer dovu geschwat, dass heiansdo méi wei fënnefanzwanzeg Leit um Training deelhuelen.  Den Tom Scholtes ass dann 2016 och direkt drëtte bei de Landesmeeschterschafte vun de Préminimes ginn.

De 17. September 2016 huet d’Amicale säin éischten Tournoi organiséiert a mat 286 Aschreiwungen an engem reibungslosen Oflaf war och dëse Projet een Erfolleg.

An der Saison 2016 / 2017 spillt den Dësch-Tennis mat néng Equippen an der Meeschterschaft mat, ënnert anerem mat enger Equipe an der zweeter an zwou Equippen an der drëtter Divisioun. Et schéngt nëmmen eng Fro vun der Zäit ze sinn, bis den “DTL” erëm an der éischter Divisioun matspillen dierf…